
JUVAK
OUSCHTEREN
02.04.2022 - 16.04.2022
Jugendvakanzenaktivitéiten fir Jugendlecher tëschent 12 an 18 Joer
Déifferdeng - Dippech - Käerjeng - Suessem
oder
JUVAK OUSCHTEREN 2022
Jugendvakanzenaktivitéiten fir Jugendlecher tëschent 12 an 18 Joer
Léif Jugendlech,
léif Eltere vu Jugendlechen, léif alleguer,
nodeems d’Pandemie eis an de leschten zwee Joer leider ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet, si mir frou, datt mir elo d’Geleeënheet hunn dës Broschür, (JUVAK Ouschteren) an där dir de Programm fir d’Jugend a véier Gemenge fannt, ze relancéieren.
Dofir soe mir eise Partnergemengen e grousse Merci fir déi flott Zesummenaarbecht an dësem Projet.
Wéi dir op der Websäit www.juvak.lu gesitt, bidden d‘Jugendhaiser Déifferdeng, Dippech, Käerjeng a Suessem der Jugend ofwiesslungsräich Aktivitéiten an de Beräicher Sport, Kultur an Entdecken un.
Zesumme mat de Jonken ass ee super Programm fir d’Ouschtervakanz ausgeschafft ginn. Ugebuede ginn ënner anerem: Alpaka Trekking, Easy Golf, Escape Room, Pimp my Sneakers, a villes méi. Kommt gären an äert Jugendhaus laanscht, fir iech den detailléierte Programm mat den Aktivitéiten erklären ze loossen. Wann dir interesséiert sidd matzemaachen, dann hutt dir folgend Méiglechkeete fir iech unzemellen: direkt an ärem Jugendhaus oder iwwert den Internet-Site juvak.lu.
Zu gudder Lescht nach ee ganz grousse Merci un alleguer d’Jugendaarbechter:innen, an natierlech un déi Jonk, déi matgehollef hunn dëse flotte Programm opzestellen. An alleguerten deenen déi matmaachen, wënschen ech ganz vill Spaass!
Am Numm vun der Jugendtreff SABA asbl, Alain Cornély, President
D’ Jugendhaiser an Zesummenaarbecht mat de Gemengen Déifferdeng, Dippech, Käerjeng, a Suessem proposéieren dir e flotten a villsäitegen Aktivitéitsprogramm wärend der Ouschtervakanz 2022.
GEMENGEN

TEAMS





JUGENDTREFF DEIFFERDENG
JUGENDTREFF SABA DIPPECH


JUGENDTREFF SABA KÄERJENG
JUGENDTREFF SABA SUESSEM
