Ouschtervakanz 2020

Léif Jugendlëcher, léif Eltere vu Jugendlëchen, léif Leit alleguer,

mat grousser Freed verëffentleche 5 Jugendhaiser (Déifferdéng, Dippëch, Käerjéng a Suessem) dës Brochure, an der de Programm fir d’Jugend a 5 Gemenge verëffentlecht gëtt. Dofir soe mir eise Partnergemengen, e grousse Merci fir déi flott Zesummenaarbecht op dësem Projet.

Wéi dir op der Websäit www.juvak.lu gesidd, bidde mir der Jugend ofwiesslungsräich Aktivitéiten an dräi Beräicher un : Sport, Kultur an Exploréieren.

An Ofsprooch mat der Jugend ass ee super Programm fir d’Ouschtervakanz ausgeschafft ginn.
Mir bidden iech ënner anerem : Europäeschen Hémicycle an Philharmonie, Mamerlayen, Paintball a Klammen, Kasematen an Escape Game, Actin Shooting, Freestyle Sportsday an en Ausfluch an d’europäesch Kulturhaaptstad vun 2020 Galway an Irland.

Edukativ soll dës Visite weiderhin eng Etapp sinn am Hibléck op « Esch 2022 » als zukünfteg europäesch Kulturhaaptstad.

De Rescht vun dësem ofwiesslungsräiche Programm kënnt dir iech gären am Jugendhaus erkläre loossen. Dir hutt folgend Méiglechkeete fir iech unzemellen : an de Jugendhaiser, iwwer den Internet-Site a mat der Inscriptiouns-Fiche an der Brochure.

Merci un alleguer d’Educatricen an Educateuren an de Jonken, déi matgehollef hunn de Programm opzestellen. An alleguerten deenen déi matmaachen : Vill Spaass !

 

Am Numm vun der Jugendtreff Saba a.s.b.l.

Alain Cornély

Président

© Jugendtreff saba asbl